Eng israelesch Firma huet een zimmlech ongewéinlecht Gerät gebaut an zwar eng Kombinatioun aus Auto an Helikopter.

Lauschtert eran

Wann ee bis mam Auto am Stau steet, gëtt et keng aner Méiglechkeet wéi probéieren de Stau ze ëmfueren, wat natierlech net ëmmer klappt, oder et bleift een op senger Streck an et üübt ee sech a Gedold. Mat engem Auto dee flitt, kéint een natierlech engem Stau entkommen. Genau dorunner schafft eng israelesch Firma aktuell. D'Gerät dat sech als Taxi a Ambulanz duerch d'Loft beweegt. Eng Rettungsgaass wär deemno net méi néideg.

D'Firma ''Hatzloha Air'' huet mëttlerweil véier der City Hawks fir Rettungsasätz bestallt. D'Propeller sinn an d'Karosserie integréiert. D'Maschinn mam Numm ''City Hawk'' ass nëmme liicht méi breet wéi een Auto. ''Hatzloha Air'' an Aeronautics schaffen elo zesummen, fir d'Produktioun an de Marketing unzedreiwen an domat d'Rettung aus de Loft op een neie Level ze bréngen.

Och wann dee klenge Fliger vu baussen zimmlech kleng ausgesäit huet ee bannen allerdéngs ronn 20 bis 30% méi Plaz wéi an engem regulären Helikopter. Mat fléie kënnen niewent dem Pilot, ee Patient, eng Begleetpersoun an zwee Infirmiere mat natierlech deem néidege Material. Aktuelle lafen nach eenzel Modeller vum Band. Bis dat allerdéngs an d'Serieprodutkioun geet dauert nach ee bëssen.