
© VTFET / Screenshot YouTube
Riets geet hei ëm een Chip, duerch deen d'Batterie vun engem Smartphone wochelaang haale kann.
Fréier huet een den Handy un de Stroum gehaangen an da war et fir e puer Deeg gutt. Aktuell ass et awer esou, datt quasi jidderee säi Smartphone iwwert d'Nuecht opluet. Ee Luedzyklus dee sech effektiv iwwert d'Zäit bei de Leit esou agependelt huet. Allerdéngs net well d'Leit dat esou wëllen, mee well se mussen. Den Akku ass nämlech och haut nach dacks dee schwaachste Punkt vun engem Smartphone.
Ma Samsung an IBM hunn an engem Communiqué eng nei Technologie virgestallt, mat der d'Akkukapazitéit däitlech verlängert kéint ginn. D'Technologie nennt sech VTFET ( Vertical Transport Field Effect Transistors ) a soll den Energieverbrauch am verglach zu der aktueller Technik ëm 85% verréngeren.
Dat kléngt scho mol villverspriechend an aktuell bleift et och dobäi. Bei der Ukënnegung geet et deene Verantwortlechen haaptsächlech dorëms Konventiounen a Fro ze stellen. Si iwwerdenke wéi se d'Gesellschaft kéinte mat neier Technologie viru bréngen, esou den Dr. Mukesh Khare, Vizepresident vun Hybrid Cloud an IBM Research.
Bis déi Iddi elo awer an deenen éischten Apparater zum Asaz kënnt, kann ee lo nach net genau soen. Wat een awer bis ewell ka soen, dass een an dësem Fall net méint mee Jore waarde misst. D'Matdeelung vun de Verantwortlechen ass hei nämlech manner eng Ukënnegung, mee éischter eng Matdeelung, datt hinnen an dem Beräich een Duerchbroch gelongen ass.