Permanent gëtt dorunner geschafft d'Applikatioun fir den Notzer méi interessant ze maachen. Ma elo steet d'Optik mol ganz uewen op der To-Do-Lëscht.

Lauschtert eran

Ëmmer nees ginn nei Features virgestallt, déi dem Notzer de Gebrauch vu Whatsapp nach méi einfach an nach méi effektiv solle maachen. Dat geet iwwert d'Verschécke vun Noriichten déi sech selwer läschen, bis bei Fotoen déi ee just eemol ka kucken. De Prinzip kennt een hei scho vu Snapchat.

Elo ass et awer een anere Volet deem sech déi Verantwortlech vu Whatsapp ugeholl hunn an zwar den Design. Wéi WABetaInfo matdeelt gëtt do aktueller un engem neie Menü fir Sproochuriff gebastelt. Déi nei Optik bréngt elo keen neie spektakulären Design mat sech. D'Uewerfläch gëtt deemno hei nei gestalt, se gëtt méi kompakt a méi modern. D'Videoe bei engem Uruff huelen dann net méi dee ganzen Display an wat deemno och bei der Organisatioun vu Gruppenuriff soll hëllefen.

D'Firma plangt dësen Design fir Whatsapp Beta fir Android an IOS. Momentan ass et awer esou, dass dëst nach an der Entwécklung ass. Deemno ass dat mol nach net fir Beta-Tester accessibel, wat sech an Zukunft awer ännere wäert.

Eng weider kuerz Ännerung wäert dann d'Läsche vun de Noriichte betreffen. Aktuell kann een nämlech just déi Message selwer läschen, déi net méi al wéi 1 Stonn sinn. An Zukunft soll do kee Limitt méi gëllen. Ma och dat ass awer nach net offiziell bestätegt ginn.