
© Screenshot apple.com
Den iPhone SE ass deen aktuell bëllegste vun all de Smartphonen déi Apple an hirem Sortiment huet an do soll et dëst Joer an déi nächst Generatioun goen.
Et ass mëttlerweil schonn Usus, dass sech Joer fir Joer milliounen Apple & Technik-Fans op d'Apple Keynotes freeën. Deen interessantsten Datum ass hei wuel kloer deen am September, well do meeschtens eng nei Generatioun un iPhones presentéiert gëtt. Dee klasseschen Zyklus ass also bekannt. Ma dëst Joer, soll et awer anescht lafen. Schonn an der éischter Apple Keynote vum Joer, erwaart sech ee Brancheninsider een neien iPhone. Wéi schonn 2016 an 2020 goufen et ufanks vum Joer Rumeuren iwwert den iPhone SE an ass dann am Fréijoer presentéiert ginn.
Wéi de Branchenexpert Mark Gurman an engem Tweet erkläert huet, gëtt den iPhone SE 3 warscheinlech am Mäerz oder Abrëll vun dësem Joer virgestallt. Apple ass nämlech amgaangen een Event fir d'Fréijoer ze plangen. Erwaarde kéint een hei natierlech nees eng Rei Upgrades um iPhone, wéi zum Beispill 5G. Den Design soll hei allerdéngs esou änlech ausgesi wéi dee vum iPhone 8.
Vue, dass dëse Model extrem handlech an am Verglach mat anere Modeller zimmlech bëlleg ass, genéisst den iPhone SE natierlech och ee grousse Succès. A genau dobäi wëll Apple och bleiwen. Den iPhone SE vun der drëtter Generatioun soll also dem Insider Mark Gurman no Tëscht Mäerz an Abrëll presentéiert ginn.