Ëmmer méi Firme setzen op NFTs an op de Metaverse. Dorënner elo iwweregens och d'Australian Open.

Lauschtert eran

Véier mol am Joer ass een esou genannte Grand-Slam-Turnéier. Dat sinn déi gréissten Tennis-Turnéiere vun der Welt an eent vun deene sinn d' "Australien Open" zu Melbourne. Vum 17. bis den 30 Januar 2022 kämpfen hei nämlech déi beschten Tennisspiller vun der Welt ëm den Titel.

Fir sech donidden ee Match unzekucken, muss een natierlech dohinner fléien, wat deemno zäitopwänneg an net ganz bëlleg ass. Déi gutt Noriicht ass hei allerdéngs, dass een dee ganze Site vum Turnéier och virtuell ka besichtegen. Fir genau ze sinn op der Metaverse-Plattform "Decentraland". Hei kënne User:innen d'Australian Open an de Melbourne-park erkunden.

Donieft kann ee sech virtuell an der Rod Laver Arena am Tennis ausprobéieren an esouguer Präisser gewannen, wärend een op engem groussen Display am Park déi richteg Matcher verfollegt.

Fir deem ganzen dann nach d'Kroun opzesetzen: Et kann een och nach op eng aner Manéier een Deel vum Turnéier ginn. D'Australian Open verkafen nämlech NFTs a Form vun engem Tennisball. All Ball huet een individuellen Design a gëtt op engem 19x19cm Spot um Tennisterrain zougeuerdent. Gëtt elo een decisive Punkt op esou enger Plaz gemaach ginn, gëtt déi Info dem jeeweilegen NFT hannerluet deen domat dann héchstwarscheinlech u Wäert zouhëlt.

D'Australian Open am Joer 2022 sinn also net just ee sportlecht Event, mee och een Digitaalt.