De Smartphone mam Gesiicht entspären ass eng flott Saach, wann do net ëmmer déi nerveg Mask wär. Ma dat soll an Zukunft kee Problem méi sinn.

Lauschtert eran

Virun enge rei Joren ass den Handy quasi just geholl gi fir ze telefonéieren oder SmS’n ze maachen. Elo kann een da mam Smartphone vun iwwerall aus d’Noriichte liesen, Fotoe schécken, Video-Calls maachen oder eng Email verschécken. De Virdeel vun engem Smartphone ass zum Beispill och, dass e sech mat den Updates dauernd verbessert.

An enger Beta-Versioun vun iOS 15.4 kann ee Face-ID vum iPhone och notze wann een eng Mask un huet. 2 Joer nodeems mer an der Pandemie sinn, soll da genau dee Feature demnächst dobäi kommen. Eigentlech war dat och elo scho méiglech, allerdéngs misst eng eng Apple Watch hunn, mat der een den Handy dann trotz Mask entspäre konnt.

Natierlech ass et wichteg ze soen, dass et do dann och schonn direkt ee klengen Hoke gëtt. Déi nei Funktioun nëmmen ab dem iPhone 12 accessibel ass.

Nach méi interessant ass dann de Fait, dass vun der Versioun iOS 15.4 un, een EU-Bierger d'Méiglechkeet kritt säin Impfzertifikat duerch Scanne vum QR-Code direkt a seng Wallet ze maachen an dat ouni mussen iwwert anert Apps oder Internetsitten ze fueren. 

Et sinn ee puer kleng Neiegkeeten déi engem d'Liewen an Zukunft nach méi einfach maachen. Wéini genau déi nei Versioun da fir jiddereen disponibel ass, ass nach net gewosst.