Een éischten Test am Wandkanal war erfollegräich an am Laf vum Joer soll déi éischt Maschinn ofhiewen.

Lauschtert eran

Obwuel de Fluchverkéier aktuell wéinst dem CO2-Ausstouss vill an der Kritik steet, schaffe vill Firmen dorunner ee Passagéierfliger ze entwéckelen dee mat Iwwerschallgeschwindegkeet flitt. Dee grousse Problem sinn dann hei net d'Turbinnen, mee de Kaméidi. Fir genee ze sinn, dee massive Knuppert, wann een Objet d'Schallmauer duerchbrécht. Dofir schafft d'NASA um Projet "Commercial Supersonic Technology", och nach "Son Of Concorde" genannt. Hier Iddi ass et dee Knall esou ze dämpfen, dass et just nach ee ganz doucet ploppen ass. An deem Beräich huet d'NASA dann och schonn Erfolleg Tester am Wandkanal gemaach.

Dee Knuppert, dee beim Duerchbrieche vun der Schallmauer entsteet huet 110 Dezibel an ass nach 48 Kilometer wäit ze héieren. Et ass ee Problem dee schonn déi al Concorde hat. Iwwert engem bewunnte Beräich ass dee Kaméidi kengem zouzemudden. D'Iddi ass elo, dass ee Kaméidi herno net méi haart ass wéi eng Méimaschinn.

Um Enn vun dësem Joer sollen dann déi éischter Tester am Himmel gemaach ginn. Eng Iddi déi nawell net bëlleg ass. 247,5 Milliounen Dollar léisst sech d'Nasa de Bau vun dësem Fliger kaschten. Fir de Passagéier-Fluchbetrib ass dëse Projet allerdéngs net geduecht. Mat enger Längt vun 29,5 Meter an enger Breet vun 9 Meter kéint een domat net vill Mënschen transportéieren.