Knapps war den neien Update vu WhatsApp do, huet scho misse reagéiert ginn. Nämlech ass e Feature bei der Unuerdnung vun de Kontakter net gutt ukomm.

Lauschtert eran

Wann een op WhatsApp eng nei Noriicht verfaasse wëll dann krut een d'Lëscht vun de Kontakter normalerweis an alphabetescher Reiefolleg ugewisen. Nom Update huet sech dat awer bëssen geännert: du krut e ganz uewen déi "am heefegsten kontaktéiert Persounen" ugewisen.
D'Notzer hunn deen neien Feature awer absolut net gefeiert. Esou huet sech ënnert dem Tweet vum Blog WABetaInfo massiv Kritik iwwert déi nei Unuerdnung gesammelt.

WhatsApp huet dann wuel schonn op dës Kritik reagéiert an d'Funktioun nees fort geholl. Et sollt also an ärer App alles nees beim Alen sinn.