Ee laangfristegt Zil vun der Aviatioun ass et Co2-neutral ze ginn. Mam Bio-Kerosin vum Mineralkonzern BP wëll een deem Zil elo méi no kommen.

Lauschtert eran

D'Aviatioun ass fir ronn 3% vun de globale CO2-Emissioune verantwortlech. Dat kléngt net no vill an trotzdeem mussen och do Efforte gemaach ginn. An Däitschland, fir genau ze sinn zu Lingen am Emsland, gëtt also elo ee Bio-Kerosin hiergestallt. Dobäi gëtt ee klengen Undeel aus Fetter an Uelege benotzt, wéi zum Beispill aus Friteusen, Kach-Réckstänn oder Bio-Offäll. Déi bestinn an dësem Fall zum gréissten Deel aus Planzen- an deelweis och Déiereschen-Fetter. An enger bestëmmter Prozedur ginn dann, bis zum zougeloossenen Undeel vu 5%, Roueleg-Kuelewaasserstoffe fir deen normale Kerosin bäigemëscht. De CO2-Ausstouss bei der Verbrennung änelt zwar dem vun normalem Kerosin vue, dass de Fettundeel schonn am Stoffkreesslaf war, soll d'Klimabilanz ënnert dem Stréch besser sinn.

Eegenen Aussoen no huet BP scho Clientë fir de Bio-Kerosin. Detailer doriwwer sinn dann elo awer nach net bekannt. Dem Europa-Virstand Arno Appel, kënnen déi verschidden Airlines deen alternative Kerosin ouni technesch Ëmbauten direkt an den Asaz bréngen.

Alternativ Kraftstoffer an d'Asetze vu Waasserstoff, sollen hei ee weidere Pilier fir d'Reduzéierung vun der CO2-Bilanz ginn. De Grond, wisou sech ëmmer méi Firmen dës Entwécklungen als Aufgab geholl hunn ass, dass ëmmer méi Investisseuren een nohaltegt Geschäftsmodell verlaangen.