Den Elon Musk ënnerstëtzt d'Ukrain mat sengem "Starlink". Mir soen iech wat dat genau ass.

Lauschtert eran

Den amerikaneschen Entrepreneur an Tesla-Grënner Elon Musk huet d'Aktivéierung vu "Starlink" iwwert der Ukrain ugekënnegt. Kuerz virdrunner huet nämlech den ukrainesche Minister fir digitales, Mychailo Fedorow, den Elon opgefuerdert säi Land mam Satellitten-Internet ze verbannen. "Wärend deem der probéiert de Mars ze koloniséieren, versicht Russland d'Ukrain ze besetzen", esou de Minister op Twitter. Ma e puer Stonnen no der Opfuerderung huet den Elon Musk getwittert, dass hien d'Satellitte aktivéiert hätt a weider Terminals wären ënnerwee.

Twitter ass deemno eng Plattform, déi ënnert anerem och Politiker mol gären notze fir sech mat ze deelen. An dësem Fall méi wéi nëmmen erfollegräich. "Starlink" vun der Firma SpaceX bedreift ronn 2000 Satellitten. Zil dovunner ass ganz kloer: Den Internet iwwerall um Planéit zougänglech maachen. De Freideg huet d'Firma iwweregens weider 50 Satellitten an de Weltall geschoss. Bis ewell war et onkloer ob a wéini dee Service an der Ukrain kéint zougänglech sinn.

Domat huet den amerikanesche Milliardär ee groussen Deel dozou bäigedroen, dass d'Kommunikatioun iwwert den Internet an der Ukrain, net ënnerbrach oder ofgebrach gëtt. Den Elon Musk gëllt iwweregens aktuell als deen zweet räichste Mann vun der Welt, mat engem Verméige vun ongeféier 151 Milliarden US-Dollar.