Den 08. Mäerz owes um 19h00 eiser Zäit gouf aus dem Silicon Valles nees eng "Keynote" ofgehaalen.

Lauschtert eran

Apple huet fir d'éischt Kéier am Joer 2022 nei Produite virgestallt. Obwuel ee scho quasi am Viraus wosst wat op een duer kënnt, huet Apple et nees fäerdeg bruecht eppes eraus ze brénge wat et bis elo nach net ginn ass. Ma elo mol eent nom aneren.

Fir d'éischt hu se den iPhone 13 an iPhone13 Pro an enger ganz neier Faarf presentéiert an zwar "Alpine Green". Ma a punkto Smartphone ass dat net alles, well och een neien iPhone SE ass elo eraus. Optesch gëtt et do keng Verännerung zum Virgänger, d.h Apple hält weider um Design vum iPhone 8 fest. Vun der Hardware hier gouf et elo een A15 Bionic Chip an ënnert anerem och eng 12MP Wäitwénkel-Kamera a 5G.

Donieft ass et dann nach een neien iPad Air ginn, mat engem Apple M1 Chip, 12MP Wäitwénkel-Kamera a 4K Video recording. Zu gudder Lescht dann nach déi ugeschwaten Neiheet an zwar de Mac Studio an ee Studio-Display. De Mac Studio ass eng Aart mini Desktop-Computer mat hirem ganz neien Apple-M1-Ultra-Chip, mat bis zu 128GB Aarbéchtsspäicher an Späicherplaz bis zu 8 TB. Passend dozou gouf och nach de Studio-Display virgestallt. Dat ass ee 27” 5K Retina display, mat enger Hellegkeet vu 600 nits an ënnert anerem och 3 USB-C an engem Thunderbolt 3 Uschloss.