Ëmmer mussen op den Dag ze klamme fir d'Solarzellen ze botzen ass nerveg an dobäi och nach geféierlech. Ma an Zukunft net méi.

Lauschtert eran

Am Joer 2022 gëtt natierlech ganz vill op erneierbar Energie gesat. Esou hunn zum Beispill mëttlerweil och scho vill privat Haiser eege Solarzellen um Dag installéiert, déi dann eege Stroum produzéieren. Wann een elo esou eng Installatioun huet, mussen déi Moduler natierlech och gebotzt ginn, wat deemno net ganz einfach ass, virun allem wann een et selwer maache wëll. Déi belsch Firma "ART Robotics" huet fir esou Fäll ee Roboter entwéckelt deen d'Module botzt. Och Drone si schonn an den Asaz komm, allerdéngs kënnen déi d'Solarzell nëmme besprutzen an net och botzen. D'Firma probéiert also elo béid Usätz ze kombinéieren.

Konkret geet et ëm eng Dron déi ee Botz-Roboter transportéiere kann. Nodeems dësen um Modul ofgesat gouf, flitt d'Drone zeréck op de Buedem, fir Batterie ze spueren. Wann d'Aarbecht gemaach gouf, gëtt de Roboter nees vun der Dron ofgeholl. Mat der Iddi huet een de Virdeel, dass esou ee Modul ëmmer voll Leeschtungsfäeg ass an net, duerch zum beispill Stëps, gehënnert gëtt.

D'Entwéckler vun "ART Robotics" hunn deemno schonn ee voll funktiounsfäege Roboter entwéckelt. Op der Crowdfunding-Plattform "Kickstarter", ass elo eng Campagne gestart gi fir d'Kommerzialiséierung ze erméiglechen. Kafe kann een als Normalverbraucher net ee ganze Roboter mee ee Botz-Package. Fir 120 Euro kéint een der Firma no, bis zu 20 Moduler botze loossen. Profitéiere kann also an Zukunft jiddereen dee gewëllt ass dofir ze bezuelen.