Den Handy just 15 Minutten un de Stroum hänke fir e komplett opzelueden. Gläich ass dat net méi just eng Wonschvirstellung.

De chineeseschen Hiersteller Oppo bréngt ee Smartphone op de Marché, dee mat ganzer 150 Watt kann opgeluede ginn. Mam «150W SPUERVOOC flashcharge», ass d’Batterie ënnerhalb vu 5 Minutten op 50 Prozent gelueden. 100 Prozent sinn deemno no 15 Minutte gepackt.

Am Normalfall ass et esou, datt dat schnellt Lueden zu enger Verkierzung vun der Liewensdauer vun der Batterie féiert. Genau esou ass dat nämlech aktuell de Fall bei Elektroautoen. Ma dat luede soll mat den Oppo-Apparaten esou schounend sinn, datt d’Akkuen no 1600 Lued- an Entluedzyklen nach 80% vun hirer Gesamtcapacitéit besëtzen.

Zousätzlech kommen hei nach Sensoren an den Asaz déi d’Temperatur moossen an dofir suergen, dass d’Batterie an de Lueder net iwwerhëtzt an domat Bränn oder Explosioune verhënnert.

Nei Technologie wéi zum Beispill de 5G braucht vill Energie, esou läit et op der Hand Batterien ze entwéckelen déi déi Energie kënnen hierginn an dat virun allem och laang genuch. Wien dann elo mengt, dass 150W beim Opluede scho vill wär, dee ka sech op d’Zukunft freeën. Aktuell ass nämlech schonn een 240-Watt-Lueder an der Entwécklung. Deemno wär d’Smartphone-Batterie an nëmmen 9 Minutte vun 0 op 100% gelueden. Wéini dës Technologie allerdéngs prett fir de Marché ass, verréit d’Firma « Oppo » nach net.