De klasseschen Elektroauto kritt Konkurrenz am Kampf ëm d'Verbrenner-Alternativ an zwar vum Waasserstoffauto.

Lauschtert eran

D'Präisser op den Tankstelle jäize quasi dono, dass mer esou séier et geet op d'Elektromobilitéit ëmklamme sollen. Natierlech ass dat eng Iddi déi et scho méi laang gëtt, allerdéngs beweege mer eis an déi Richtung éischter am Schleekentempo. A grat dofir sichen ëmmer méi Leit a Firmen no anere Léisungen. Een Entwéckler ass zum Beispill den däitschen Zentrum fir Loft- a Räumfaart (DLR) zu Stuttgart. Déi hunn nämlech aktuell een neie Waasserstoff-Hybrid-Auto presentéiert.

Dat Interessant un der Saach ass, dass dësen Auto eng Autonomie vu ronn 1'000 Kilometer huet an op eng maximal Vitess vun 180km/h kënnt. Den Auto mam Numm "Interurban Vehicle" gëtt deemno mat Waasserstoff bedriwwen. Fir genau ze si vun enger 45-Kilowatt-Brennstoffzell, engem 700-Bar-Waasserstofftank an enger Batterie. Insgesamt ass Plaz fir 5 Persounen, ass 5 Meter laang an zwee Meter breet an huet 185 Päerd. D'Gesamtgewiicht läit hei, bei eidelem Zoustand bei 1600 Kilo, wat deemno ee Facteur fir déi grouss Reechwäit vun 1'000 Kilometer ass.

Bei deene meeschten E-Autoen ass et nach ëmmer d'Reechwäit an d'Luetzäit déi d'Leit ofschrecken. Beim "Interurban Vehicle" dauert d'Tanken dogéint net méi laang wéi bei engem Verbrenner. Dat kléngt elo alles ganz positiv an ass et och. D'Entwéckler sinn nämlech fläisseg amgaangen un deem Projet ze bastelen esou, dass et leider nach keen Datum fir d'Serieproduktioun gëtt.