
© Screenshot YouTube
Et ass en typeschen Agentegadget aus Zukunfsfilmer: hightech Brëller fir ze telefonéieren a fotograféiere kann. Mee dat ass lo keng Zukunftsmusek méi.
Meta, also Facebook a Ray Ban hu mat hirem Smartbrëll «Ray Ban Stories» de Marché bëssen opgewirbelt. Et ass e relativ onscheinbare Sonnebrëll, also näischt futuristesches. 2 Kamerae vu jee 5 Megapixel sinn ganz dezent an der Rumm agebaut datt se quasi net opfalen. Fir datt d’Ëmfeld awer gesäit datt gefilmt oder fotograféiert gëtt, liicht eng Mini LED op. Ob dës opfält sief mol dohi gestallt.
Dateie ginn nom Ophuelen direkt un de Smartphone geschéckt.
A fir déi déi léiwer Musek lauschteren, kënnen dat och maachen. Um rietse Bigel gëtt et eng Touchsteierung fir de Volume an de Playbutton.
En integréierte Mikro am Brëll erlaabt et dem Notzer dësen och wéi eng Freisprechariichtung beim telefonéieren ze benotzen.
Opgeluede gëtt de Brëll dann einfach ouni Kabel am Etui. Bis zu 6 Stonne soll den Akku halen. A wann e mol net connected well sinn, kann een de Brëll och einfach ausschalten an en als ganz einfache Sonnebrëll droen.
De Präis leit bei 329 Euro.