
Och Google war scho mat änlecher Technik ënnerwee. / © FRED DUFOUR / AFP
Wann et em digital Karte geet dann ass Google an Apple mat vir bäi. Apple wëll elo no leen an déi europäesch Foussgängerzonen erfaassen.
Dofir wäerten déi nächst Deeg a Woche Foussgänger mat engem Hightech-Rucksak ronderëm lafen aus dem gigantesch 3D Kamerae reechen. De Prinzip heibäi ass d'selwecht wéi bei den Autoen déi mer scho vu Google Maps an Apple Maps kennen. Op dësen ass jo och vill technescht Material befestegt. Déi Kamerae sollen d'Daten an engem 360-Grad-Wénkel erfaassen, fir esou zum Beispill d'Funktioun "Look Around" ze verbesseren.
D'Foussgänger mat de Rucksäck kommen also extra an den Asaz fir déi Plazen ze erfaassen déi mat engem Auto net erreechbar sinn, wéi zum Beispill Foussgängerzonen, Parken, Gaassen, asw.
Apple hieft nach emol ervir datt si sech bei dësen Opname verflichten d'Privatsphär ze schützen. Gesiichter a Plackennummere ginn onkenntlech gemaach.