Ronderëm eise Planéit dréine well ee puer Satellitten, déi an Zukunft nach eng Aufgab dobäi kréien.

Lauschtert eran

De Mënsch hannerléisst op eisem Planéit ëmmer méi Spueren. Spueren déi net onbedéngt gutt fir eis Ëmwelt sinn, virun allem wann ee sech de Knascht an de Mierer ukuckt. Um Grond vum Marianengraben, op bal 11'000 Meter ënnert der Waasseruewerfläch, fënnt een nämlech Knascht vun eis Mënschen.

Déi europäesch Weltraumagence ESA huet dofir elo ee Projet gestart, mat dem laangfristeg eng flächendeckend Iwwerwaachung méiglech soll sinn. Am Ufank gëtt elo mol no enger Method gesicht, mat der ee Plastikdeelercher automatiséiert erfaasse kann. Grondsätzlech ass dëst mat héichopléisende Kamera méiglech.

D’Fuerscher schaffe momentan un engem System fir d’Waasseruewerfläch mat Radiowellen ze scannen. Getest gouf dat ganzt an der Infrastruktur vum «Atlantic Basin» an der Géigend vun der hollännescher Stad Delft. Am 75-Meter laange Baseng kann ee verschidde Wellenarten a Wiederbedéngunge simuléieren. Nodeems d’Fuerscher Plastik-Knascht an d’Waasser geheit hunn, hu se probéiert d’Uewerfläch mat der Scan-Technologie ze scannen an de Plastik ze detektéieren. An effektiv ass et hinne gelongen.

An enger nächster Phas gëtt dat ganzt um oppene Mier getest, dat hei mat extra dofir equipéierte Fligeren an Dronen. Laangfristeg sollen awer verschidde Satellitten am Weltall mat der Technologie ausgerüst ginn. Am Idealfall kann domat schonn agegraff ginn, iert de Knascht z.B am Marianengrabe lant. Egal wéi wichteg esou ee System ass, ass et ëmmer nach besser d’Opkomme vum Plastik-Knascht ganz ze vermeiden.