
© Pexels
Bis ewell brauch ee Leitunge fir de Stroum vun A op B ze kréien. Ma et gëtt well een Usaz fir dat ouni Kabel hin ze kréien.
Wéi komme mer vum klassesche Verbrenner an der Mobilitéit fort? Eng Fro déi sech scho laang gestallt gëtt. Eng Fro op déi et wéi et schéngt eng Äntwert gëtt an zwar d'Elektromobilitéit. Jo, do deele sech d'Meenungen nach ëmmer, ma Fakt ass awer, dass alles oder op allefall vill doran investéiert gëtt.
Dat amerikanescht Militär ass am Moment amgaangen dorunner ze schaffen, fir de Stroum op méi grouss Distanzen ze transportéieren an zwar ganz ouni Kabel. Méi genau: Se wëllen Truppen a Länner déi wäit ewech sinn, aus dem Weltall mat Stroum versuergen. No Jore laanger Fuerschung konnte Wëssenschaftler elo een erfollegräichen Test duerchféieren, bei deem se 1,6 Kilowatt iwwert eng Distanz vun engem Kilometer iwwerdroen hunn. Domat konnte se also ënner Beweis stellen, dass deen Usaz grondsätzlech funktionéiert.
Dofir gëtt de Stroum a Mikrowellen ëmgewandelt a mat hëllef vun enger Schossel an eng bestëmmten Direktioun gesent. Beim Empfänger ginn d'Mikrowellen nees a Gläichstroum ëmgewandelt. Esouguer bei staarkem Reen ass dës Technologie asazbereet.
Theoretesch kéint een dëst net just fir d'Militär notzen. Esou ass schonn d'Iddi op komm, riseg Solarmoduler am Weltall ze installéieren, déi vun do aus dee generéierte Stroum op d'Äerd schécken. Ma bis et esou wäit ass musse mer eis nach gedëllegen.