Den Instant-Messenger mam giele Logo léisst sech ëmmer nees eppes neies afale fir d'Leit bei der Staang ze halen. An dësem Fall ass et eng kleng Dron.

Lauschtert eran

Am Joer 2022 huet Snapchat mëttlerweil ronn 293 Milliounen alldeeglech Notzer. Wärend 24 Stonne ginn iwwert dee Messenger mol ganz gäre 4 Milliarde Snaps verschéckt, dat hei virun allem vun Teenager. Sech elo op deem Erfolleg auszerouen ass definitiv net d'Zil vun der Firma, déi iwweregens net zu Facebook/Meta gehéiert.

Déi nei Erfindung mam Numm "Pixy" ass deemno eng kleng Dron déi just drop ausgeluecht ass fir kuerz ze fléien an eng Foto oder ee Video ze maachen. Dat aussergewéinlecht hei ass, dass ee keng Telecommande dofir brauch. Ee Knappdrock geet duer, dass d'Dron Flitt, ee Video vun engem mécht an dat esouguer wärend se der Beweegung vun der Persoun no geet. Nodeems dat klengt Gerät säi Video gemaach huet, musst der just d'Hand ausstrecken an d'Dron land schéi propper op ärer Handfläch.

Aktuell kann ee sech um Site vum "Pixy" umelle fir eng Benoriichtegung ze kréien, esoubal de Verkaf lass geet. Kaschte wäert se ronn 250 US-Dollar (238€), mat enger Liwwerzäit vu 16 bis 17 Wochen. Et ass deemno een deiere Spaass deen och nach gutt op sech waarde léisst.

Wien also an Zukunft dovunner wëll gebrauch maachen, dee muss fir d'éischt nach ee bësse waarden a sech am Detail doriwwer informéieren ob een ouni Autorisatioun mat der Dron hei am Land dierf fléien.