An noer Zukunft brauch ee sech kee Passwuert méi ze verhalen. Eng nei Method mécht nämlech genau dat iwwerflësseg.

Lauschtert eran

Sech ee sécher Passwuert fir eng Websäit afalen ze loossen ass net ëmmer einfach. Virun allem dann, wann een et wëll evitéiere fir ee Standard-Passwuert ze benotzen, wéi zum Beispill “123456” oder de Gebuertsdatum. Ma Apple, Google a Microsoft wëllen elo déi klassesch Passwierder ofschafen an dofir Plattformiwwergräifend zesumme schaffen, esou de Vizepresident vu Microsoft Alex Simons. Dëst ass net einfach just eng aner Method, mee ass och nach ëm ee Villfaches méi sécher. Hei gëtt nämlech op de Sécherheetsstandard vun der Fido-Allianz an dem World Wide Web Konsortium gesat.

Dem Fido-Präsident Sampath Srinivas no, soll dësen neie System an noer Zukunft schonn an der Software vun Android a Chrome integréiert ginn. Apple a Microsoft hunn dann och geplangt nozezéien.

Dee ganze System soll mat engem esou genannte "Passkey" funktionéieren. Hei gëtt also ee Login/Account un ee virdrunner registréiert Gerät gebonnen. Wëll ee sech elo mat sengem Usernumm op enger Websäit umellen, schéckt den Déngscht d’Opfuerderung un dat registréiert Gerät, dëst ze entspären. Esou gëtt just eng Bestätegung un d’Websäit geschéckt a keng sensitiv Informatioune wéi ee konkret Passwuert oder de Fangerofdrock.