D'Technik mécht et Méiglech, dass Mënschen déi een Aarm verluer hunn, nees gräifen a ville kënnen.

Lauschtert eran

Den Tyler Hayes, CEO vum Start-up "Atom Limbs" huet an engem Interview mat "interestingengineering.com", iwwert d'Problemer an der Prothesen-Branche geschwat. Den "Atom Touch" ass dem Hayes no, deen éischte richtege kënschtlechen Aarm deen op de Marché kënnt. Eng Aart Prothes, déi genau esou mobil ass wéi ee richtegen Aarm an dobäi och nach ee grondleeënden Taaschtsënn hierstelle kann. En plus soll de Präis hei ënnert deem leie vu gewéinleche Protheesen.

Déi modern Prothees ass hei mat engem mobille Gerät verbonnen, dat quasi d'Connectioun ass tëscht der Extremitéit a Kleedungsstéck ass. An dësem Gerät ass ee Computer verbaut, dee Signaler aus dem Kierper vum Mënsch erkennt an un d'Prothees iwwerdréit.

Ee laangfristegt Zil ass hei, dass dee kënschtlechen Aarm genau esou funktionéiert wéi ee richtegen. Dofir ass et esou wichteg eng Connectioun mam Nervesystem hierzestellen, wat aktuell nach net de Fall ass. De Virdeel bei der Erfindung ass, dass all Mënsch deen een Aarm verluer huet, heivunner gebrauch maache kann an dat ganz ouni een invasiven Agrëff.

Den "Atom Touch" wéi dës Prothees genannt gëtt, wäert am zweete Quartal vun dësem Joer fir eng Testphas zur Verfügung stoen. Deen definitive Produit soll dann 2023 op de Marché kommen.