DeepMind, eng Duechtergesellschaft vu Google,schafft aktuell un enger KI, déi d’Intelligenz vum Mënsch iwwertreffe soll.

Lauschtert eran

De leedende Fuerscher Nando de Freitas, am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz an der Firma «DeepMind», huet matgedeelt, dass si aktuell eng KI entwéckelen, déi et mat der mënschlecher Intelligenz ophuele kann. Déi esou genannte Gato-KI kann aktuell scho ganz komplex Aufgabe iwwerhuelen, wéi zum Beispill d’Schreiwe vu Poesie.

An der Fuerschung existéiere Prognosen déi soen, dass et bis 2028 eng generaliséiert superintelligent kënschtlech Intelligenz gëtt. Allerdéngs ginn et vill Wëssenschaftler déi extrem do virdrunner warnen, eng KI ze entwéckelen déi dem Mënsch kéint iwwerleeë sinn.

An engem Bericht vun The Next Web gëtt behaapt, dass esou eng KI déi mënschlech Intelligenz nimols iwwertreffe kann. De Fuerscher De Freitas huet dat allerdéngs hefteg kritiséiert. Hinne geet et nämlech drëms, dass d’ "Sécherheet bei der Entwécklung" eng absolut Prioritéit ass. Dem Fuerscher no ass dat natierlech och déi gréissten Erausfuerderung. D’Firma schafft deemno un eppes dat se als roude Knapp bezeechnen. Dëst soll d’Risike vun enger superintelligenter KI reduzéieren.

Am Film «iRobot» mam Will Smith geschitt nämlech genau dat wat probéiert gëtt ze verhënneren an zwar, dass eng Maschinn mat KI de Mënsch als dominéierend Liewensform ersetzt.