All 3D-Form kann ee mat dësem Apparat scannen an zwar net just ongeféier, mee héich präzis.

Lauschtert eran

Kickstarter.com ass eng Websäit op der Produite vu klenge Firme virgestallt ginn, an zwar mam Zil Suen ze sammelen, fir d'Realisatioun vum Projet ze finanzéieren. Ma ee ganz neie Produit huet do elo Welle geschloen. Dee weltwäit éischten erschwénglechen 3D-Scanner ass nämlech presentéiert ginn.

Am Joer 2021 huet d'Firma méi wéi 5 Milliounen US-Dollar gesammelt an déi éischt Rei u POP-Scannere gelaunched. Elo stellen se dann offiziell de Revopoint MINI-Series, dee weltwäit éischten, gënschtegen an héich prezise Blo-Liicht-Scanner, mat enger Prezisioun bis zu 0,02mm fir.

Dovunner profitéiere ka jiddereen, ma virun allem awer Professioneller wéi zum Beispill Designer, Ingenieuren, medezinesch a wëssenschaftlech Fuerscher. Dëse Scanner erméiglecht engem een 3D Objet quasi bis an dee klengsten Detail ze Scannen. Mat nëmmen 160 Gramm ass den Apparat alles anescht wéi schwéier an handlech ass en dobäi och nach. Vum Design hier gesäit en aus wéi ee klenge mobille Beamer, deen niewebäi gesot an all Rucksak passt.

Fir Hobbydesigner ass et dann och eng flott Spillerei. Huet een een 3D-Drucker doheem, kann ee quasi vun all Objet eng 3D-Kopie maachen oder se veränneren. Et kéint een zum Beispill och Schmuck scannen, dësen ëmdesignen an esou, zesumme mat engem Bijoutier, eppes ganz Perséinleches kreéieren.

D'Méiglechkeete sinn deemno ganz villfälteg an de Präis läit hei bei ronn 500 US-Dollar.