Mat Apple Pay Later kann een Akeef déi e mat Apple Pay getätegt huet a 4 Tranchen iwwer 6 Woche bezuelen.

Lauschtert eran

Apple ass scho laang keng Firma méi déi just Computeren entwéckelt an hierstellt. De 24. Januar 1984 hu se deen éischte Macintosh presentéiert, d.h deen éischten erfollegräiche PC mat enger graphescher Benotzeruewerfläch. Elo am Joer 2022 gouf dann "Apple Pay Later" virgestallt, deen nächste Schratt a Richtung Bankelizenz.

Méi spéit bezuelen, a keng zousätzlech Käschten oder Zënsen dofir  verrechent kréien: Dat ass méiglech mat der neier Funktioun "Apple Pay Later". Dësen Tool kann een notze wann een en Akaf iwwert "Apple Pay" bezilt. Et kann een also souwuel am Geschäft wéi och online op déi Bezuelmethod zréckgräifen, an sech esou de Präis op 4 gläich Beträg opdeelen an déi dann innerhalb vu 6 Woche bezuelen.

Och wa vun der Säit vun Apple keng zousätzlech Käschten ufalen, mécht Apple drop opmierksam datt d'Banken awer Fraise verrechne kënnen, sollt de Kont net genuch vum Notzer gedeckt sinn.

Änlech Ubidder sinn "Affirm" a "Klarna" déi och mam Prinzip "elo kafen, spéider bezuelen" Reklamm maachen. Domat wier Apple dann definitiv eng staark Konkurrenz déi nei op dëse Marché kënnt.

Vun dësem Hierscht un soll d'Funktioun dann iwwerall offiziell benotzbar sinn.