
© Screenshot YouTube
Aktuell investéiert d'Firma an WiTricity, eng Entreprise déi d'Lueden ouni Kabel fir elektresch Autoen ubitt.
Aktuell huet Siemens eng strategesch Investitioun vu 25 Milliounen US-Dollar getätegt an zwar an d'Firma WiTricity. Wéi et ausgesäit huet Siemens elo d'Technologie vum Startup lizenzéiere gelooss. Gleeft een hire Berechnungen, dann huet de Marché fir Wireless-Charging an Europa an Nordamerika bis 2028 ee Volume vun 2 Milliarden US-Dollar.
Fir d'éischt steet elo mol um Plang eng Standardiséierung vum Luetmechanismus en Place ze setzen, fir d'Interoperationalitéit tëscht Autoen an Infrastrukturen ze erméiglechen. Esou kéint een also an der Zukunft säin Auto parken a ganz ouni ee Kabel mussen unzeschléissen, luet dësen op. Fir Privatpersounen ass dës Method ee gutt Stéck méi attraktiv a fir Professioneller dann och nach méi bëlleg, esou den Alex Gruzen, Chef vu Witricity.
Toyota ass zum Beispill zanter 2011 u Witricity bedeelegt. 2013 gouf dann an engem Ofkommes decidéiert, dass Toyota an zukünftegen an Elektroautoe mat Hybrid an Akku, dWireless-Charging dierf ubidden. Bis elo ass dat allerdéngs nach net passéiert.
Et gesäit een also kloer, dass d'Beweegung an d'Richtung vun der Elektromobilitéit relativ schëtzeg viru geet an, dass nach weider grouss Innovatiounen op eis wäerten duerkommen. Wéini dann elo awer dëse Wireless-Charging fir Autoen op de Marché kënnt ass nach net gewosst.