An der Economy-Klass reesen an dat och nach mat genuch Beenfräiheet. Kléngt utopesch, kéint awer Realitéit ginn.

Lauschtert eran

Dee jonken Designer Alejandro Nunez huet ee Konzept op d'Bee gestallt, dat d'Reesen an der Economy-Class am Fliger ëm ee Villfaches méi agreabel maache soll. Am Kader vun engem Projet fir seng Héichschoul, huet den 21 Joer jonke Mann den "Chaise Longue Airplane Seat" designt. Dat si Sëtzreien, déi eng iewescht an eng ënnescht versaten Etage hunn, mat deem ee massiv Plaz spuert.

Dee ganze Projet gouf scho fir de Crystal Cabin Award 2021 nominéiert. Ee Präis deen am Beräich vun der Loftfaart extrem renomméiert ass. Wéi CNN matdeelt, soll den Nunez Vicente mëttlerweil säi Studium ënnerbrach hu fir sech ganz op de Projet kënnen ze konzentréieren. D'Finanzsprëtz gouf et anscheinend vun engem Investor, deem säin Numm allerdéngs net genannt gouf.

Op der Aircraft Interiors Expo 2022 huet den Nunez säi Prototyp presentéiert. Hei gëtt et eng ënnescht an eng iewescht Rei, déi alle béid méi Beenfräiheet erlaben. Logescherweis géifen et da keng Staufächer méi ënnert dem Plaffong ginn, mee ënnert an tëschent de Sëtzer. Een Hoke gëtt et dann hei allerdéngs: Passagéier mat Klaustrophobie kéinten hei eventuell net op deenen ënneschte Sëtzer Plaz huele vue, datt dee Sëtz an der Rei virdrunner méi héich ass an een dësen op der Héicht vum Kapp huet.

Et ass ee Konzept dat villes versprécht. Och wann et nach ee puer Contrainte ginn, ass et awer gutt Méiglech, dass och déi kënnen aus dem Wee geraumt ginn.