Net all Technologie vu fréier ass fir ze vergiessen. Fir déi modern Loftfaart kéinten nämlech nees eng Aart Zeppelinen an den Asaz kommen.

Lauschtert eran

An den 1920er an 1930er sin d'Leit mat Loftschëffer duerch d'Loft gereest, wat zu dem Zäitpunkt eng riseg Innovatioun war. Allerdéngs nëmme bis et zu der Hindenburg-Katastroph komm ass, bei dem d'Schëff a flamen opgaangen an erofgefall ass. 35 Mënsche sinn deemools ëm d'Liewe komm.

Déi spuenesch Airline Nostrum geet a punkto Nohaltegkeet op de Wee vum Loftschëff. Konkret heescht dat elo, dass bis 2026 Inlandsflig nees mat engem Loftschëff solle méiglech sinn. Dee brittesche Start-up "Hybrid Air Vehicles" soll hei aushëllefen, well déi säit ee puer Joer un engem risege Schëff mam Numm "Airlander 10" geschafft hunn. Ee Projet deen initial vum amerikanesche Militär entwéckelt gouf. Ee Projet dee vum brittesche Startup opkaf ginn ass.

Fir Air Nostum, soll den Airliner 19 elo esou konfiguréiert ginn, dass e bis zu 100 Passagéier transportéiere kann. Dat ganzt geet esou féx virun, dass schonn nächst Joer am englesche Yorkshire d'Produktioun soll lassgoen. Wann da weiderhin alles no Plang verleeft, kéinten 2026 déi éischte Passagéier a Spuenie mam Loftschueff transportéiert ginn.

Aktuell fléien se nach mat 4 verbrennungmotoen. Bis se an den Asaz komme soll dann hei wéinstens op een Hybrid-Moto gesat ginn. Spéiderhin da ganz ouni Verbrenner.

Hei dann och nach de Video vum Zeppelin LZ 129 "Hindenburg" wéi en de 6. Mee 1937 bei der Landung a Flaamen opgaangen ass. 35 vun deene 97 Persounen u Bord waren dobäi ëm d'Liewe komm, dorënner och ee Member vum Buedempersonal.