Et kléngt wéi aus engem Film, ma ass awer um gudde Wee Realitéit ze ginn. Déi modern Technik soll et méiglech maachen.

Lauschtert eran

Den "Xaver 1000" kënnt vu Camero-Tech, eng Firma déi sech scho méi laang mat der Fro beschäftegt wéi een et kéint hi kréie fir duerch d'Maueren ze kucken. Op der Rüstungsfoire Eurosatory gouf ee Produit virgestallt mat deem genau dat soll méiglech sinn. Et ass een Apparat deen Echtzäitinformatiounen iwwert dat liwwert wat sech effektiv hannert enger Mauer befënnt. D'Police, Rettungsequippen, Zaldoten a Geheimdéngschter kéinten dovunner gebrauch maache fir wichteg Informatioune wärend engem Asaz ze sammelen.

Et dierf ee sech dat ganzt elo net esou virstelle wéi wann ee géing duerch eng Fënster kucken. Ee bësse méi abstrakt ass dann awer schonn. De Räumopbau an ob Mënsche leien, sëtzen oder stinn, kann een dann awer mat der Technik erkennen. Interessant ass, dass dësen Apparat vun engem eenzele Mënsch ka bedéngt ginn an, dass den Ëmgang domadder zimmlech séier ze léieren ass. Donieft sinn déi meescht Baumaterialien domat ganz einfach ze duerchdréngen.

Wien dann elo bedenken huet a punkto Stralen, dee kann een hei op der Plaz dann och direkt berouegen. Fir de Mënsch besteet duerch den "Xaver 1000" absolut keng Gefor.