An Zukunft kéint et sinn, dass een an 30 Minutte vu Paräis op Amsterdam reese kann an dat ouni Fliger.

Lauschtert eran

Dee revolutionären Transportprojet mam Numm Hyperloop faszinéiert nach ëmmer Wëssenschaftler op der ganzer Welt. Fuerscher vun der technescher Universitéit Delft an Holland entwéckelen nämlech grad an dem Beräich d’Gefier «Delft Hyperloop». Un der Gondel sinn hei Magnéiiter ubruecht wéi op engem Frigo, um Gefier selwer an op der Streck ginn et da Modullen duerch déi Stroum fléissen an esou dat ganzt a Beweegung bréngen. Déi Iddi ass mëttlerweil scho gutt 10 Joer al a kënnt vu kengem anere wéi dem Elon Musk. Déi ganz Fuerschung stécht hei nach an de Kannerschong, ma et gëtt awer fläisseg un der Entwécklung geschafft.

D’Iddi dohannert ass dorausser d’Transportmëttel vun der Zukunft ze maachen a Fligeren ze ersetzen. Am Endeffekt gëtt also ee Vakuum-Zug gebaut, deen am Prototyp 80 km/h erreegt. Am volle Moossstaf soll d’Gefier allerdéngs bis op 1'000 km/h kommen.

D’Firma SpaceX vum Musk huet déi ganz Entwécklung am A, well se vum éischte Prototyp reegelrecht beandrockt sinn. Den Delfter Projet huet och scho méi wéi eng Kéier d’ European Hyperloop Week gewonnen a sech esou un d’Spëtzt vun den an Europa entwéckelten Hyperloop-Projete katapultéiert.

Et gëtt also méi wéi eng europäesch Firma, déi sech aktuell am Stadium vum Experimentéiere befënnt an dat mat Gefierer am mënschleche Moossstaf. Eng dovunner huet säi Sëtz an Italien a wëll bis d’Olympesch Wanterspiller am Joer 2026 déi éischt Linn tëscht Venedeg a Padua inauguréieren.

Ob, dat do sech am Endeffekt och wierklech esou duerchsetzt wéi jidderee sech dat virstellt, steet awer nach an de Stären.