Mam "Hydrofoil - Manta 5" kann een iwwert d'Waasser pedalléieren an dat genau esou wéi op der Strooss.

Lauschtert eran

Virun allem wann d'Wieder esou ass wéi aktuell da siche vill Leit eng Plaz wou se sech ofkillen an an d'Sonn leeë kënnen. Ma ganz vill wëllen awer net just an der Sonn trëllen, mee sech aktivéieren an do kënnt den "Hydrofoil Bike Manta 5" an d'Spill. Einfach erkläert ass et een E-Bike fir um Waasser ze fueren an dat deemno natierlech emissiounsfräi.

Interessant ass, dass een domat esouwuel am Séiss- wéi och am Salzwaasser domat fuere kann. Am Mier ass et esouguer méiglech an de Wellen ze surfen. Mam Manta5 ass iwweregens och schonn ee Weltrekord opgestallt ginn an zwar ass ee Mann domat duerch de "Cook Strait" , also iwwert d'Mier vun Nord- bis Süd New Zealand gefuer ass.

Dee Waasser-Vëlo gëtt hei also vun enger Batterie ënnerstëtzt mat der ee bis zu 4 Stonnen um Waasser pedalléiere kann. Donieft ass d'Gerät iwwert Bluetooth mam Smartphone verbonnen. Op enger App gesäit een dann alleguerten d'Donnéeën iwwert d'Gefier, wéi zum Beispill wéi voll den Akku nach ass a wéi wäit een nach domat kënnt.

Et ass eng genial cool Erfindung, déi allerdéngs ee risegen Hoken huet an zwar de Präis. Wann ee sech esou eppes wëll zouleeën, muss een nämlech ëm déi 8'000 Euro sprange loossen. Wann een d'Suen huet a sech dee Spaass wëll gënnen, kann een elo offiziell seng Virbestellung maachen.