Et gesäit aktuell esou aus wéi wann een eng Méiglechkeet fonnt hätt fir dem Waassermangel a verschiddene Länner entgéint ze wierken.

Lauschtert eran

Den Zougang zum Drénkwaasser ass an Nordafrika nach ëmmer ee grousse Problem an dobäi handelt et sech eigentlech ëm ee Mënscherecht. Virun allem a Marokko, Tunesien an Algerien feelt den Zougang zum Waasser bei méi wéi 10% vun der Bevëlkerung. Dofir hu sech marokkanesch Ingenieuren zesumme gesat an no enger Léisung gesicht. Eraus komm ass dobäi een Drénkwaasser-Generator mam Numm "Kumulus", deen déi rechtlech Energie vun der Sonn notzt fir Drénkwaasser aus der Loft ze filteren. Et ass also ee komplett autarkt System dat ouni zousätzlech Infrastruktur aus kënnt.

De Prinzip ass ganz einfach. De "Kumulus" saugt d'Loft an a gëtt duerch ee Filter geleet fir Schuedstoffer eraus ze filteren. Dono gëtt d'Loft mat Solarenergie esou wäit erof gekillt, dass Da entsteet. Dësen Effekt ass vergläichbar mam Kondenswaasser, dat an de Klimaanlagen entsteet an ongenotzt verluer geet. Am Fall vum Kumulus-Generator geet dat Waasser allerdéngs net verluer, mee an engem Behälter gesammelt, mineraliséiert a kann da vun do aus ofgezaapt ginn. Experten no kann een op déi Aart a Weis 20 bis 30 Liter Drénkwaasser gewannen. Een éischte Prototyp ass da schonn an enger tunesescher Schoul installéiert ginn.

Fuerscher um MIT hunn iwweregens hei schonn ee Gerät entwéckelt, mat deem een esouguer an der Wüüst frëscht Waasser gewanne kann.

Et ass also eng Erfindung déi ganz vill Leed a ville Länner reduzéiere kann. Ma bis jiddereen dovunner profitéiere kann, vergeet awer nach ee bëssen Zäit, well aktuell nach nom néidege Geld gesicht gëtt.