Bis zum Schluss vun dësem Joerzéngt, solle Roboteren eis doheem am Haushalt hëllefen.

Wann een doheem mol eng méi grouss Spull ze maachen huet, da kann et mol sinn, dass dat engem d'Flemm andreift. Obwuel souwisou dat Meescht an d'Spullmaschinn gestallt gëtt, ginn et dann awer nach ee puer kleng Saachen déi op der Hand musse gemaach ginn.

Genau do setzt elo d'Firma "Dyson" un, a wëll Haushaltsroboter entwéckelen, déi zum Beispill genau esou Aarbechten iwwerhuele kënnen. Donieft sollen déi Maschinnen dann esouguer Hänn hunn, mat deenen se no Géigestänn gräife kënnen, genau wéi mir Mënschen och. D'Firma setzt sech deemno ganz grouss Ziler, virun allem wann ee bedenkt, dass se bis zum Enn vun dësem Joerzéngt, esou Roboter wëlle verkafen.

Fir d'éischt gëtt awer mol massiv no Robotik-Spezialiste gesicht. Aktuell beschäftegt "Dyson" 250 esou Spezialisten, ma do sollen an nächster Zäit der nach 700 dobäi kommen. Um brittesche Flughafen Hullavington, deen d'Firma opkaf huet, gouf elo een Hangar gebaut deen de Robotik-Zentrum vun der Firma ass. Et ass net déi éischte Kéier, dass "Dyson" grouss Investitioune mécht. Virun enger Rei Jore war et nämlech de Projet vun engem Elektro-Auto, deem se allerdéngs nach de Stecker gezunn hunn iert den Auto op de Marché komm ass.

Elo bleift just déi grouss Fro: Wat genau kann esou een Haushaltsroboter? Ma genau doriwwer gëtt och an der Industrie nach gerätselt. Et ass also een Thema dat extrem spannend, ma awer och mat Virsiicht ze genéissen ass.