An Zukunft kann een, wann een déif an d'Täsch gräift, an enger autonomer Rulott Vakanz maachen oder esouguer liewen.

Lauschtert eran

De Summer hei zu Lëtzebuerg ass amgaangen a vill Leit sinn och schonn an der Vakanz. Eventuell ass deen een oder anere jo mam Camper oder der Roulotte ënnerwee. Et ass einfach ee Gefill vu Fräiheet, dohin ze reese wou ee wëll an dat och nach mat der eegener Stuff. Allerdéngs ass een trotzdeem nach ofhängeg vu Stroum a Waasser, dat een deemno vun ausserhalb muss kréien. Ma net beim «Living Vehicle». Dëst ass nämlech eng Roulette déi komplett autonom ka funktionéieren, d.h se produzéiert hiren eegene Stroum a recuperéiert Waasser aus der Loft.

Eemol placéiert, kann een d’Gefier quasi éiweg stoe loossen. De Stroum gëtt vun de Solarzellen um Dag produzéiert an d’Waasser gëtt duerch eng speziell Filteranlag aus der Loft gewonnen. Esoubal d’Loftfiichtegkeet mindestens 20% ass, kann dee System funktionéieren. Elo géing een eventuell mengen, dass ee pro Dag just ee puer Liter domat ka gewannen, ma dat ass awer falsch. 200 bis 500 Liter pro Dag sinn domat méiglech. Ee Reewaasseranlag wär natierlech och eng Méiglechkeet, eng déi hei allerdéngs net funktionéiert well um Dag keng Plaz méi ass esou eppes ze installéieren. Eleng déi Waasser-Virriichtung fir d’Flëssegkeet aus der Loft ze kréien, léisst déi ganz Roulotte 25'000€ méi kaschten.

Dat kléngt natierlech alles mega verlockend. Bis op de Präis. Ganzer 323'340 € léisst den Hiersteller sech dat Gefier kaschten. Wien also ee puer honnert dausend Euro ze vill op der Säit huet an déi absolut Fräiheet sicht, ass mat der Erfindung natierlech gutt bedéngt.