iPad oder awer léiwer ee Mac? An Zukunft kéint ee mam Tablett eventuell béid hunn.

Op ganz vill Apple-Fans, méi genau op d'iPad-Fans komme ganz interessant Zäiten duer. De Wonsch, dass een iPad de Computer iergendwann ersetze kéint, ass scho säit laangem an de Käpp vun den Notzer. Déi schlecht Noriicht war hei awer ëmmer déi, dass dat net de Fall war. Mat der neier Software iPad OS16, déi am Hierscht eraus kënnt, geet d'Gerät ee grousse Schratt an d'Richtung vun engem vollwäertege Computer.

Mat der neier Software ass et da méiglech een externen Display unzeschléissen, deen een och komplett notze kann. Bis elo war et esou, dass den Display just gespigelt gouf an een deemno just een Deel vum externen Display konnt notzen. Schléisst een elo nach eng Tastatur a Maus un, huet een tatsächlech d'Gefill wéi wann een op engem Desktop Computer géing schaffen.

Duerch d'Aféiere vum Stage-Manager kann een dann an Zukunft och eenzel Fënstere fräi um Display verréckelen, méi grouss oder méi kleng maachen. Dëst ass eng Funktioun déi iwweregens, vun der Unuerdnung hier, och um neie MacOs wäert disponibel sinn. D'Organisatioun vun eenzele Programmer an Internetsäiten, déi ee grad op huet, gëtt domat erliichtert. Déi Responsabel fir d'Entwécklung vum iPad a Mac haten hei zesumme geschafft fir eenheetlech do eppes op d'Been ze stellen.

Aktuell gesäit et also esou aus wéi wann effektiv ee grousse Schratt do ze erwaarden ass. Wéi dat dann awer an der Praxis ass, respektiv ob ee wierklech genau dat nämlech mam iPad maache ka wéi mat engem Mac, gesi mer da wa jidderee seng Erfarungen domat mécht.