Boom Supersonic ass eng Firma déi Iwwerschall-Passagéierfligere baut, bei der American Airlines 20 der Fligere bestallt hunn.

Lauschtert eran

Boom Supersonic ass eng amerikanesch Firma, déi Iwwerschall-Passagéierfliigere baut. Aktuell hunn se och schonn eng Airline fonnd déi un deene Maschinnen interesséiert ass an zwar déi gréisste Fluggesellschaft weltwäit, American Airlines. Méi konkret: 20 Fliigere kafe se an et gëtt och schonn dovunner geschwat fir eventuell der nach 40 méi ze bestellen. Den Accont fir déi éischt 20 ass scho bezuelt an der Airline no och net méi renboursable esou, dass hei definitiv Neel mat Käpp gemaach ginn.

D'Maschinn mam Numm "Overture" soll hei Passagéier duebel esou séier vun A ob B brénge wéi déi gewéinlech Passagéier-Fliigeren déi mer aktuell kennen. Fir genau ze sinn, wäerten hei 65 bis 80 Passagéier kënne Plaz huelen. Domat wär zum Beispill e Flug vu Miami op Frankfurt a 5 Stonne machbar a vu Los Angeles op Honolulu a knappen 3 Stonnen.

Am Juli gouf dann deen definitive Projet presentéiert, deen am Joer 2029 déi éischt Passagéier transportéiere wäert. Hei schwätzt een also net méi just vun enger Iddi, mee vun engem konkrete Projet dee leeft an och ëmgesat wäert ginn.