Den Elon Musk versprécht an Zukunft Satellitten-Internet fir Jiddereen.

Lauschtert hei de Reportage

Schlechten oder guer kee Reseau ze hunn, ass fir vill Leit relativ nerveg. Allerdéngs beschränkt sech dësen Zenario am Joer 2022 éischter op e Minimum. Eis Welt ass esou vernetzt wéi ni an ouni Reseau ass een héchstens mol am Keller, am Tunnel oder wann een am Zuch mol e puer Sekonnen duerch e Funklach fiert. Et ginn awer Plazen op dëser Welt an deenen et guer kee Reseau gëtt. An der Wüüst, am Dschungel um Mier oder an der Bierger. An dacks kënnt et fir, dass Mënschen op genee esou Platze veronglécken a keng Méiglechkeet hunn, ëm Hëllef ze ruffen.

Genee dat wëll den Tesla a SpaceX Chef Elon Musk elo änneren. Mat Hëllef vu sengem Satellitten-Internet Starlink soll et an de nächste Jore weltwäit iwwerall an zu all Moment Reseau ginn. Also esouguer un der Spëtzt vum Mount Everest. Den Déngscht soll de normale Mobilfunkreseau awer net ersetzen, just ergänzen. En wäert och relativ begrenzt sinn. Ma den Elon Musk huet annoncéiert, dass et zu all Moment wäert méiglech sinn, opmanst SMSen kënnen ze verschécken. Also genuch fir Hëllef ze ruffen.

An enger éischter Phase soll dëse Projet an den USA getest ginn. Dat an Zesummenaarbecht mat T-Mobile. Eng weltwäit Disponibilitéit vu Starlink soll dem Musk no awer suivéieren. Et wier een dowéinst aktuell op der Sich no weltwäit vertruedenen Operateuren, déi dëse Projet ënnerstëtze wëllen.

Gutt News : Den Déngscht soll mat all normalem Smartphone kompatibel sinn an et solle fir de Verbraucher och keng extra Käschten ufalen.