Niewent engem neie Smartphone goufen et dann och nach eng Rei aner Produite presentéiert.

Lauschtert eran

Apple huet nees nei Produite virgestallt. Ugefaange mat der Apple Watch SE. Zum Virgänger huet sech do net terribel vill changéiert ausser, dass se quasi 20% méi séier ass wéi déi Generatioun virdrunner. Natierlech gouf och d’Apple Watch Series 8 virgestallt. Do gëtt et dann effektiv eppes wat et bis elo nach net gouf an zwar ee Sensor deen d’Kierpertemperatur moosst. An zu gudder lescht, a punkto Aueren, gouf dann och nach eng Apple Watch Ultra released. Déi ass éischter fir Leit geduecht déi vill an der Natur ënnerwee sinn, respektiv och Extrem-Sport maachen. D’Geheis ass hei aus Titan a bis zu 100m Waasserdicht, se huet ee präzisen Dual-Frequenz GPS, bis zu 36 Stonne Batterilaafzäit, integréiertem Mobille-Funk an dräi spezialiséiert Aarmbännercher.

Net ze vergiessen ass eng nei Generatioun vun Airpods déi presentéiert goufen an zu gudder lescht dann nach deen neien iPhone 14. Woubäi een dann och direkt muss soen, dass sech net terribel vill geännert huet. Ee puer kleng Features sinn dann awer bäi komm: Ugefaange mat der Accidenten-Erkennung. De Smartphone erkennt deemno een Autosaccident a rifft Hëllef wann een et selwer net méi kann. Dobäi kënnt nach, dass wann ee keen Netz huet, iwwert Satellit Texter verschécke kann, allerdéngs awer just un den Noutruff. Donieft huet sech och a punkto Batterie eppes geännert. Mam iPhone 14 Plus hält Batterie bis zu 26 Stonnen a beim normalen iPhone 14 bis zu 20 Stonnen. Hannert dem Display vum Basismodell ass et dann een A15 Bionic Chip mat 5 Core GPU an huet domat dee nämmlechte Chip wéi den iPhone 13 Pro.  Optesch huet sech dann eigentlech just eppes geännert an zwar d’Notch um Display.

Ganz zum Schluss vun der Präsentatioun gouf et dann awer nach ee ganz kuerzen Indice op Virtual Reality. Wat elo an Zukunft do genau kënnt, respektiv wéini eppes kënnt, ass dann awer nach net gewosst.