Net just Computeren, mee och d'Gesondheet vun der Mënschheet läit dem Bill Gates an och der Firma Samsung um Häerz.

Lauschtert eran

De Bill Gates huet sech mat Samsung Electronics zesumme gesat fir eng Toilette ze entwéckelen déi ganz ouni Waasser funktionéiert. Fir genau ze si gëtt alles wat an der Toilette lant zu Äschen ëmgewandelt. De Prototyp vun der Toilette gouf deemno vun der koreanescher Firma an Zesummenaarbecht mat der Bill & Melinda Gates Foundation entworf. Deen iwweregens schonn am August dëst Joer ganz offiziell presentéiert gouf.

Samsung huet och an hirer Newsletter präziséiert, dass d’Erfindung Energie effizient ass, komplett ouni Waasser funktionéiert an deemno och op Plazen installéiert ka gi wou et kee fléissend Waasser gëtt. Mat hëllef vun Hëtzt a Bioprozesstechnologië kënnen esou Krankheetserreeger an der Toilette vernicht ginn. Vereinfacht erkläert: Déi Mënschlech Offäll gi gedréchent a verbrannt.

Op Twitter hat de Bill Gates iwweregens och eng Foto gepost op deem een hie bei engem Plumpsklo gesäit an dat mam Text: «Déi klassesch Toilette ass zanter der Erfindung am Joer 1596 vum Sir John Harington, net méi verännert ginn».

Der WHO an der UNICEF no, ginn et 3,6 Milliarde Mënschen op der Welt déi keen Zougang zu séchere Sanitären Anlagen hunn. Dat féiert deemno dozou, dass eng hallef Millioun Kanner ënnert 5 Joer, all Joer u Krankheete stierwen, well se just limitéierten Accès op proppert Waasser an Hygiène hunn.

Wéini déi Toilette dann elo iwwerall op Welt an den Asaz ka kommen, ass nach net gewosst.