Mat deem neie Modell TGV M gëtt d’Flott vun dem franséischen « Train à Grande Vitesse » vergréissert.

Lauschtert eran

Zanter den 1980er Jore ginn et a Frankräich TGV’n. D’Ofkierzung steet hei bekannter weis fir «Train à grande vitesse». Anescht wéi bei gewéinlechen Zig, fiert dësen op engem extra dofir ausgeluechte Gleiser-Netz. Ma bis 2024 soll d’Flott vun deenen 320 km/h séieren Zig vergréissert ginn.

Besonnesch ass hei, dass déi nei Baurei TGV M méi Mënsche mat manner Energie befërdere kënnen. 740 Persounen wäerten hei eng Plaz fannen. Am Verglach zum normalen TGV mat 634 Plazen. 7 bis 9 Ween kann een hei unenee koppelen an esouguer déi éischt Klass kann, wa se gebraucht gëtt, an eng zweet Klass ëmgeännert ginn.

Interessant a Punkto Ëmwelt ass dësen Zuch dann, wann ee sech d’CO2-Bilanz ukuckt. Bei der Präsentatioun ass betount ginn, dass déi vum TGV M déi nidderegst ass déi um Marché wäert sinn. Dobäi kënnt dann nach, dass ganzer 97% vun de Komponente vum Zuch, recycléierbar sinn.

D "Société nationale des chemins de fer francais", kuerz SNCF, huet 100 Zich an der Inland-Versioun a 15 weiderer fir den internationale Verkéier bestallt. Dat ass deemno eng Investitioun vu ganzen 2,7 Milliarden Euro.

Schonn zum Schluss vun dësem Joer soll dat éischt Gefier fir Testfaarte bereet stoen. Den Asaz fir déi normal Linnen, ass da fir 2024 geplangt.