Egal ob Assistenz fir d’Spuer ze halen, automatescht parken oder den Autopilot. D’Autoe ginn technesch ëmmer besser a kréien ëmmer nees nei Features!

Lauschtert eran

Och Volvo schafft elo un enger klenger Revolutioun an hirem Autosmodell EX90. An zwar soll den Auto erkennen op en ugedronk ass oder och ofgelenkt ass duerch zum Beispill den Handy. Doropshi kann d’Gefier dann och reagéieren.

Den Autosbauer huet an enger Pressekonferenz Detailer iwwert de neie System ginn. Mat Hëllef vu Kamerae gëtt d’Bléckverhale vum Chauffeur analyséiert a gemooss wéi laang d’Persoun op d’Strooss kuckt. D’Fuerschungen hätte gewisen datt een duerch d’Analys wouhin de Chauffeur kuckt a wéi laang d’Aen zou sinn enorm vill iwwert den Zoustand vun der Persoun hannert dem Steierrad kënnen aussoen.

Och d’Steierrad wäert eng wichteg Roll am neie System spillen. Dat erkennt wann de Chauffeur dëst lass léist, wann dësen zum Beispill den Handy benotzt. D’Steierrad iwwerwaacht dann och d’Stabilitéit vun der Lenkbeweegung.

Wann de System dann erkennt dat d’Fuerverhale geféierlech, respektiv d’Opmierksamkeet net op d’Strooss geriicht ass, da kann den Auto eegestänneg verschidde Moossnamen ergräifen, wéi ofbremsen, den Auto an der Spuer halen oder komplett stoe bleiwen.

Den Auto soll den 9 November virgestallt ginn an de ganze System soll Serieméisseg integréiert ginn.