
© Pexels
D'Lieserate kënne sech freeën. Et kënnt en neie Modell op den E-Book-Reader-Marché an dat mat enger ganz neier Schreiffunktioun!
Amazon huet hiren bis ewell gréissten E-Book Reader Kindle Scribe virgestallt. Dësen huet en 10,2 Zoll grousse Paperwhite Display an huet eng Opléisung vun 300 ppi.
Physesch Tasten huet de Kindle Scribe dann net. Fir d'Gerät unzehalen ass op der Säit eng Grëfffläch. Den E-Book-Reader ass 5,8mm deck a 430 Gramm schwéier.
De Kindle Scribe kënnt mat engem spezielle Bic dee mat Hëllef vu Magnéiten um Gerät hänke bleift. De Stëft huet um Ënn e Gummi an eng programméierbar Kuerz-Befeel-Tast! Dat coolt; e funktionéiert ouni Batterie a muss dofir och net geluede ginn.
Mam Bic kann een dann déi ganz nei Funktioun ausféieren: a kompatible Bicher kann een domadder Notize bäifügen. Och PDF a Word-Dokumenter kann een importéieren a Markéierungen an Haftnotizen ergänzen.
Et soll ee mam neien Tool de Kindle Scribe dann och als Notizbuch oder Tagebuch benotze kënnen.
Den Akku kann da bis zu 12 Wochen halen. Wann een d'Schreiffunktioun awer vill notzt soll dëst d'Akkulafzäit verréngeren.
De ganz neie Modell soll dann den 30 November op de Marché kommen. Hei huet een dann d'Wiel tëscht enger 16 GB, 32 GB, oder 64 GB Versioun!
Vill Spaass beim Liesen, an dann neierdéngs och schreiwen.