Ëmmer méi Aufgabe gi vu Roboter erleedegt. Esou elo och ganz Rezent verschidden Aarbechten an engem Fast-Food-Restaurant.

Lauschtert eran

An alle Beräicher gëtt probéiert fir d'Liewen esou einfach wéi méiglech ze maachen. Dank der moderner Technologie ass do och mëttlerweil vill Méiglech wéi zum Beispill, Autoen déi quasi Autonom fueren. Dat ass elo op alle Fall eng vu villen Neierungen an eiser moderner Zäit. Ma och am Beräich vun der Robotik gi Fortschrëtter gemaach. Esou zum Beispill ganz Rezent am Beräich vun der Gastronomie.

Et ass jo bekannt, dass ee fir d'Zoubereedung vu Fritten, net onbedéngt ee Stärekach brauch. Genau dat hunn d'Amerikaner sech als Usaz geholl an ee Roboter erfonnt, deen dës Aufgab iwwerhëlt. A verschiddene Fast-Food-Restauranten an den USA ass et deemno elo ee Roboter dee komplett fir d'Zoubereedung vun de Fritte verantwortlech ass. De "Flippy 2" esou wéi den Apparat heescht, schafft hei effektiv komplett autonom.

Hei muss ee bedenken, dass dat elo keen humanitäre Roboter ass, mee einfach eng Maschinn déi aus engem Gräifaarm besteet an esouguer op Commande reagéiert. Bestellt ee Client elo zum Beispill eng grouss Portioun Fritten, gëtt déi Info un de Roboter weider geleet, dee dann déi richteg Portioun an de d'Frittefett geheit an se och nees eraus hëlt. Elo muss d'Commande just nach vun engem Mataarbechter ofgeholl a bei de Client bruecht ginn. Dat funktionéiert iwweregens mat allem wat een an enger Friteuse kann zoubereeden.

D'Firma "Miso Robotics" wollten domat de Mataarbechter Aarbecht ofhuelen an d'Waardezäiten an de Fast-Food-Restaurante reduzéieren.