De Mat-Grënner vun Apple ass 2011 u Kriibs gestuerwen, ma Technik mécht et méiglech…

E Mix aus Zukunft, Present a Vergaangenheet, esou kéint een de Podcast vum Joe Rogan an dem Apple-Matgrënner Steve Jobs beschreiwen. Hei gouf duerch eng kënschtlech Intelligenz net just d'Skript fir d'Ënnerhalung tëscht dem 55-Järegen US-Amerikaner Joe Rogan an dem verstuerwene Steve Jobs geschriwwen, mee och d'Stëmm vu béide Gespréichspartner imitéiert.

D'Episod an domat och d'Gespréich dauert knapp 20 Minutten a gouf elo, 11 Joer nom Dout vum Job's, opgezeechent. Fir de Contenu vum Gespréich goufen al Interviewen, Statements a weidert Material, dat de Computer iwwer béid Männer am Internet fonnt huet, benotzt. Dozou muss ee soen, dass et och zimmlech zesumme gewierfelt kléngt: De Steve Jobs schwätzt hei zum Beispill mat Begeeschterung vum Buddhismus, Drogenkonsum an de Succès vu senger Firma.

Lauschtert hei d'Reportage!

Ma et ass net den Inhalt, deen dëse Projet esou spannend mécht, mee éischter d'Sprooch an de Sound, déi heibäi entstinn. Den digitaliséierte Rogan kléngt 1 zu 1 wéi d'Original vue, dass et vun him immens vill Material am Internet gëtt fir ze analyséieren an imitéieren. Bei de Sätz vum Jobs wär een do méi limitéiert gewiescht, wouduerch d'Stëmm net ëmmer esou perfekt kléngt. Deels klengt de Podcast och ofgehackt an et erkennt een, dass d’Gespréich esou sécher net zustane komm wär.

Trotzdeem ass et erstaunlech wéi no un den Originalen déi kënschtlech Intelligenz sech hei beweegt, esou no, dass ee sech als Nolauschterer deelweis freet ob et net awer e Gespréich ass, dass virum Dout vum Jobs opgezeechent gouf oder dësen aus dem Graf geklommen ass.

De Projet kënnt vun der Firma play.ht déi mat KI probéiert Stëmmen esou realistesch wéi méiglech ze simuléieren, an dat geléngt bis elo erschreckend gutt. Aktuell befroe se dann Nolauschterer wéi eng fiktiv Gespréicher si als nächst wéilten héieren. Fazit: Faszinéierend ass et jo schonn, mee och grujeleg, ëmmerhi muss ee sech jo elo all Kéiers wann een e Podcast lauschtert froen: Kann ech mengen eegenen Oueren hei trauen?! Iwwerzeegt iech selwer a lauschtert hei eran.