De Gedanken, dass d'Autoen an der Zukunft fléien ass scho laang an de Käpp vun de Leit. Ma wéi et schéngt ass et net ganz un den Hoer erbäi gezunn.

Lauschtert eran

Zum Schluss vum éischten Deel vu "Back To The Future" kann den DeLorean fléien. Autoen déi fléie goufen also och scho fréier als d'Zukunft vum Transport beschriwwen. Ma genau dat kéint elo Realitéit ginn. De Model A vun "Alef Aaeronautics" iwwerhëlt de Prinzip vum Auto dee fléie kann. Enn 2025 soll dës Maschinn da schonn op de Marché kommen. Déi grouss Fro ass hei op dat iwwerhaapt zougelooss gëtt.

Den Auto gesäit aus wéi ee sportleche klengen Auto mat engem oder zwee Sëtzer an enger transparenter Kabinn. Fiert een domat op der Strooss, gëtt d'Gefier vu 4 klenge Mottoen ugedriwwen. Beim Fléie sinn et dann 8 Propeller déi sech aktivéieren. De Prinzip ass hei dee vun enger Drone, wat eben och duerch d'senkrecht Starten ze gesinn ass.

D'Reechwäit an der Loft läit hei bei 177km, um Buedem dann esouguer 322km. Kléngt op een éischte Bléck zimmlech interessant. Et gëtt allerdéngs ee Problem an zwar d'Zouloossung fir d'Stroossen. Dofir hu se den Auto elo mol als ee Gefier mat klenger Vitess deklaréiert an den Auto deemno op 25km/h gedrosselt, esou kéint dat ganzt mam deklaréiere scho méi einfach ginn.

Natierlech ass dat ganzt net bëlleg. De Präis läit hei aktuell bei 300'000 Dollar. Mat ee bësse Chance brauch een dofir kee spezielle Führerschäin, mee just eng 107-Dronelizenz.

Wéini dann elo awer dee genaue Release-Datum ass, ass nach net bekannt. Mir halen een An drop.