
© Screenshot Youtube
Studente bauen en Elektroauto an loossen domat Tesla a Co wäit hannert sech.
Vun 0 op 100 an 1,461 Sekonnen! Dat ass e Rekord wann et em d’Beschleunegung vun Elektroautoe geet. Dofir verantwortlech si Studente vun der Uni-Stuttgart. Mat hirem selwer gebauten Elektroauto loossen si Modeller vun Tesla oder Porsche hannert sech!
Elektroautoe beschleunegen däitlech méi séier wéi Verbrenner-Motoren. Dëst well déi gesamt Kraaft onmëttelbar zu Verfügung steet. En Tesla Model S Plaid packt et vun 0 op 100 an 2,1 Sekonn, den Tesla Roadster an 1,9 Sekonnen oder de Rimac Nevera a knackegen 1,86 Sekonnen!
D’Greenteam, e Grupp aus däitsche Studenten hunn en 1-Mann-Auto gebaut deen elo déi Grouss Marken an de Schied stellt. Den Auto aus Karbon weit 145 Kilogramm a besteet aus 4 Motoren déi jeeweils 1 Rad undreiwen. D’maximal Leeschtung leit bei net mol 180 Kilowatt. Dat ass erstaunlech wéineg wann e kuckt datt den Tesla S Plaid et op 750 Kilowatt packt. Wéinst dem gerénge Gewiicht kënnt den Uni-Auto awer op e Leeschtungsgewiicht vun 1750 PS pro Tonn, beim Tesla sinn et nëmme 470 PS.
De Rekord huet allerdéngs puer Versich gebraucht. Am Juli ass den Auto nämlech vun der Stréck ofkomm an accidentéiert an no der Reparatur haten d’Studente mat engem techneschen Defekt ze kämpfen.