Et gi Gerüchter ronderëm d'Konsole Playstation 5 vu Sony. Kënnt 2023 eng Slim Versioun raus an 2025 eng Pro-Versioun?

Lauschtert eran!

D'Playstation 5 gëtt re-designt, op jiddefalls de Gerüchter no. D'Konsol soll dann en externt Disc-Lafwierk kréien. Dëst hätt de Virdeel datt Sony da keng separat Digital Editioun méi misst hierstellen, mee en eenheetlecht Gerät, dat een da mat separaten externen Accessoirë senge Besoinen upasse kann.

Déi nei Versioun vun der Playstation 5 kéint schonn am Abrëll 2023 a Produktioun goen, fir dann am September 2023 an den Handel ze kommen. Ob de Re-Design dann och als Playstation 5 Slim vermaart gëtt ass nach net gewosst. Et geet een awer dovun aus datt déi nei Playstation den aktuelle Modell dann awer komplett ofléise géif. Nieft dem Gewiicht an der Gréisst déi reduzéiert ginn, wäerten och d'Produktiounskäschten net méi esou héich sinn. Ob de Konsument vun dëser Baisse profitéiere kann, sief awer nach dohi gestallt.

Nieft enger Slim Versioun, géif sech och eng Pro-Versioun an der Entwécklung befannen. Dës soll awer net virun 2025 op de Marché kommen. Scho bei der PS4 ass de reguläre Modell 2013 released ginn, an d'Pro-Variant réischt 2016. Och wann do nëmmen 3 Joer tëscht de Versioune louchen, kann et bei der Playstation 5 méi laang dauere wéinst der Corona-Pandemie a wéinst de Liwwerschwieregkeeten!