An eng virtuell 3D-Welt andauchen, dat geet mat Virtual Reality Brëller! Zanter 2021 ginn et Rumeuren datt och Apple esou een an der Entwécklung hätt.

Lauschtert eran!

Den Apple Insider Mark Gurman vu Bloomberg huet elo verroden datt de Produit am Mäerz 2023 soll a Produktioun goen an dann am Abrëll Virgestallt ginn.

De Mixed-Reality-Headset kéint ënnert dem Numm Apple Reality Pro vermaart ginn a soll tëscht 2000 an 3000 US-Dollar kaschten. Et ass also definitiv en Highend-Produit.

Ausgerëscht gëtt den Headset mat méi wéi 10 Sensoren, engem M2-Chip a mat engem Display deen esou eng héich Opléisung huet, wéi keen anert vergläichbar Gerät um Maart.

De Betribssystem soll da "realityOS" heeschen a mat wichtegen Apple Apps wéi "FaceTime", "Maps" a "Messages" verknüpft sinn.

Et soll ausserdeem schonn ee méi bëllegen Nofollger vum Headset an der Entwécklung sinn.