Déi eng si schonn zanter Wochen am Chrëschtdagsféiwer, anerer sinn nach guer net a Stëmmung. Google verkierzt d'Waarden op Hellegowend mat Mini-Spiller.

Lauschtert eran!

Wann een um Büro sëtzt an d'Auer nach laang net Feierowend uweist, da kann e sech d'Zäit verkierzen an sech schonn e bëssen op d'Christmasseason astëmmen.

Och dëst Joer huet Google nees hire sougenannten "Easter Egg", quasi eng digital Virfreed op Chrëschtdag.

Wann ee bei der Sichmaschinn zum Beispill "Christmas" agëtt da weist Google engem ongeféier 4.610.000.000 Resultater un. Awer direkt uewe kritt een och eng Animatioun vun engem Chrëschtdagskaddo ugewisen. Klickt een op dësen da kënnt een op eng nei Säit an hei geet de Spaass lass.

"Auf den Spuren des Weihnachtsmannes" nennt sech des virtuell Welt ronderëm de Santa. Hei kann een sech dann austoben an eng ganz Rëtsch Mini-Spiller zocken.

Egal op Lolli Flipper, Santa Selfie, wou een de Santa raséieren a coifféiere kann, oder Code Lab, wat eng Aart Puzzle ass, kann een an der Virchrëschtdagszäit dem Santa a senge Wichtelen hier Welt entdecken an dobäi léieren. Donieft ginn et och Geschichten déi ee liesen kann.

De Countdown wéini de Santa dann endlech duerch de Kamäi kënnt däerf natierlech och net feelen.

An deem Sënn, eng schéi Chrëschtdagszäit a vill Spaass beim Entdecken.