Bei den App Store Awards 2022 huet Apple déi beschten Apps fir déi eege Geräter gekréint!

Lauschtert eran!

Déi bescht App fir den iPhone ass zum Beispill dat neit soziaalt Netzwierk BeReal.  Dëst ass eng Plattform fir Fotoe bei dem d’Notzer eng Foto maache musse wann d’App een dozou opfuerdert. Esou kann ee weder beaarbecht Biller eroplueden, nach seng Fotoe groussaarteg inzenéiere well een nom Opruff just 2 Minutten Zäit huet fir dës ze posten. Et soll also esou real wéi méiglech sinn.

D’iPad-Notzer hunn dann all Interêt sech GoodNotes5 erofzelueden. Déi App krut den Award fir déi bescht iPad-App. Hei kann een dann Notizzen an Dokumenter verwalten, an den iPad gëtt quasi zum digitale Blat.

Bei der Apple Watch konnt sech natierlech e Fitnesstracker duerchsetzen. Wann e säin Kierper beim Sport wëll iwwerwaachen da kann een dat mat Gentler Streak Workout Tracker maachen. Wann et Apple no geet ass dës App dat bescht wat e sech op d’Apple Watch luede kann.

Och déi beschte Spiller goufe bei den App Store Awards ausgezeechent.

Um iPhone huet Apex Legends Mobile gewonnen. Um Mac soll een dann Inscyption zocken a bescht Spill vum Joer fir den iPad gouf Moncage.

Iwwregens sinn all des Apps gratis, bis op déi 2 Spiller fir Mac an iPad.