D'Kënstlech Intelligenz OpenAI versprécht chatten ze kënne wéi e Mënsch. Net just gutt Dialoger mee och Lyrik soll méiglech sinn.

Lauschtert eran!

Eng kënstlech Intelligenz kann e bal alles froen. D'Äntwerte liwweren oft Sichmaschinnen. Awer d'Siri, Aluxa a Co kommen och séier un hier Grenzen. D'Konkurrenz schléift awer net. Esou huet OpenAI elo ChatGPT-3 virgestallt.

OpenAI huet scho viru Méint vu sech schwätze gedoe mam Bild-Generator Dall-E. Déi kënstlech Intelligenz ka mat Hëllef vu wéinege Stéchwierder komplett Biller erstellen, baséierend op der Interpretatioun vum Computer.

D'Fuerschungsfirma OpenAI, déi deemools vum Elon Musk gegrënnt gouf huet sech elo och um Terrain vun den Chatbots etabléiert, dat mam ChatGPT-3. Dëse kann een aktuell gratis testen. Et brauch e just en OpenAI-Kont!

Dëse Programm soll dann net just op d'Froen äntwere kënnen, mee och Lyresch Talenter hunn, wéi Gedichter schreiwen, reimen a Songtexter opstellen. Ausserdem kann en Artikelen, Bewerbungen an Hausaufgabe schreiwen. Och sollen nach méi komplex Aufgabe méiglech sinn, wéi Codéierungsfeeler mat detailléierte Beispiller verbesseren.

Och wann ChatGPT-3 nach net feelerfräi ass soll en erstaunlech gutt funktionéieren. Et muss een awer bedenken dass den Chatbot zwar relativ gutt Äntwere ka ginn, an Texter opstellen kann, allerdéngs feelt em nach d'journalistesch Fäegkeet d'Informatiounen ze hannerfroen. D'Basis hannert dem Fonctionnement ass eng Deep-Learning-Technolgy. Dobäi ginn Algorithmen aus méischichtegen Netzwierker mat der Hëllef vu risegen Datequantitéiten trainéiert. Dat ass och de Grond firwat den Chatbot aktuell just um Wëssensstand vun 2021 ass.